Mir bidden d’GANZT JOER DUERCH kleng Weekend-Trips op Amnéville an d’SnowHall un. Et ass eng flott Alternativ wann een souguer am Summer Mol Loscht sollt kréien op en Snowboard ze klammen.
Fir all Niveau ass hei gesuergt: vun den Ufänger déi nach ni op engem Briet stoungen bis op Leit déi wëllen mat engem gesponserten Coach trainéieren. Fun ass et ëmmer rëm.
Soubal mir e pur Interesséierter zesummen hunn fueren mir och heiansdo an den SnowWorld zu Landgraf (NL) den meeschtens en extrem gudden Funkpark huet.
Am Wanter ginn mir oft an no Gebieter wéi LaBresse (F), den Erbeskopf (D) oder och op den Feldberg (D).
Et sinn natierlech keng Schigebieter mat 600km Piste, mee fir en Weekend ass dat ëmmer rëm flott.
Inscriptiounen & weider Froen -> Kontakt


Social Profiles